← All Neiegkeeten

De Schäfferot mécht nees nëmmen hallef Saachen

Et schéngt, wéi wann de Schäfferot vun der Stad Rëmeleng nees nëmmen eng hallef Léisung géif ëmsetzen. Genee wéi schonn an der Diskussioun ëm d’Kalleksiewe, bleiwen och hei wichteg Froen onbeäntwert.De vun der…

Et schéngt, wéi wann de Schäfferot vun der Stad Rëmeleng nees nëmmen eng hallef Léisung géif ëmsetzen. Genee wéi schonn an der Diskussioun ëm d’Kalleksiewe, bleiwen och hei wichteg Froen onbeäntwert. De vun der LSAP geféierte Schäfferot wëll zwar d’Gebai schützen, mee de dozougehéierege Gaart an d’Garage sollen anscheinend net an de Schutz mat abezunn ginn. Firwat gëtt nëmmen een Deel vum Ensembel erhalen?  Gehéieren de Gaart an d’Garage net och zur Geschicht an zum Gesamtbild vun dësem Patrimoine?Wann ee sech fir de Schutz vun engem historesche Gebai ausschwätzt, da misst een och konsequent iwwerleeën, ob net dat ganzt Areal als Eenheet erhalenswäert ass. Soss besteet d’Gefor, datt zwar d’Haaptgebai erhale bleift, mee säin urspréngleche Charakter an dat historescht Ëmfeld verluer ginn. Och am Gemengerot gouf nees den Androck vermëttelt, datt d’Entscheedunge vun der LSAP-Majoritéit kaum kritesch hannerfrot ginn. Amplaz eng oppen Diskussioun iwwer de Schutz vum ganzen Ensembel ze féieren, schéngen eenzel Gemengerotsmemberen d’Propositioune vum Schäfferot einfach matzedroen. D’Bierger hunn awer e Recht drop ze wëssen, firwat nëmmen d’Gebai geschützt gëtt a wat mam Gaart an der Garage geschéie soll. Sinn do schonn aner Projeten oder Bauvirhaben am Gespréich?  Oder gouf de Schutz vum ganzen Areal iwwerhaapt seriö gepréift? Patrimoine kann een net nëmmen hallef schützen. Entweder erkennt een de Wäert vun engem historeschen Ensembel un, oder et riskéiert een, duerch Stéckwierk genee dat ze zerstéieren, wat een eigentlech erhale wollt.
Biller: (www.industrie.lu)